ech behalen mer einfach gären d'Recht Biller ze weisen déi ech flott fannen,
a nët déi anerer Léit mer erlaben ze weisen oder refuseieren. No langem iwerléen,
... wärt ech an Zukunft méi kucken wéi eroflueden.
... sin esouguren esou frëch ze behapten, dat ech bis elo ké Bild présentéiert hun,
wou ech mer nët genuch Gedanken driwer gemach hun op ech et soll weisen oder nët.
einfach weisen wat een well weisen...wat soll de rescht?
natiirlech mecht een sech emmer Gedanken éiert een en Bild eroplued, ass jo kloer!
Wat mech ubelaangt: sin emmer frou fir deng Biller ze bewonneren
also mega foto, déi begeeschtert mëch einfach nëmmen
ech si mer just nach nët sëcher op ech dain comment richteg verstin, géif mëch awer terribel interesséiren, well sou wéi ech deng saachen kennen, denken ech, dass deng biller bis well nach ëmmer eng geschicht erzielt hun...
Et ass ganz schued dass mir dei Foto net gewise kreien dei refuseiert gin ass. Mir alleguer haette jo och vileicht eng Meenung dozou. Dass se net mat de Statuten kompatibel wier, geif mech wonneren.
Di hei gefaellt mir op jidde Fall exzellent.
wén et interesséiert, hei kann én weiderliesen,
ech äussere mech nët méi derzou Gerard ... X
!Dës Foto ass net méi am System!
******************************************
nemmen en "Auszuch" , firwat ech hei neicht mei derzou schreiwen an äntweren.
Zitat vun eisem Fréischalter Gerard
@, dovir so mer roueg virwat ech an zukunft rem soll déng
@fotoen aktivéieren.
@et gëtt och aner méiglechkeeten de problem ze léisen
@falls ech dat do zevill dacks widderhuelen (net nemme bei
@däer, mee och bei ganz villen anere user...).
@an deem fall muss een sech beim chef oder beim team
@iwwert mech beschwéieren.
@et as ganz kloer: ech hun aus perséinleche grënn @gehandelt,
@an ech hätt et gäer méi fréi gemach,
@mee ech hu mech elo réicht iwwerwonnen.
jidderen soll sech séi Bild selwer machen,
op d'Bild klicken an alles liesen.
ech hat ganz am Ufank och eng Foto refuséiert kritt, versti bis haut nach net firwat, ech du geduecht do giff eng Jury sëtzen, déi einfach esou jons iewer deng Foto jugéiert, iers de iwwerhaapt Chance hues ze frei ze stellen, fir och aner leit hier Meenung ze héieren, mais bon,
du bass jo trotzdem an der Wochen Ofstëmmung also positiv virun denken an knipsen
Wéi de Gaga schon soot, hoffentlech net déi lëscht Foto vun Dir !! Gefällt mer ganz gudd, wéi Dain Style am allgemengen ...(och wann aaner Leit aaner Meenung sin ). Eng staark Foto, maach w.e.g. weider esou. Merci.
joah gin dem mm recht...mee muss awa o soen dass et lo "laang" rouech war
mengn nik dass et derwärt as na fill Wieder iwert daat ueraalt Thema fum -Aktiveiren- ze verleiren...et wier besser wann een daat ganzt bessi mei am Senn fun FORTSCHRETT giff gesin...
dFoto as flott beliicht an den s/w huet o eppes mee dKompositioun as ma bessi zefill zentral sou....vlait wieren dLuuschtstraifen mei -intressant- gin wansde dPerspektiv gewiesselt hess (denken un noiwertdemBuedem odersou)
u sech hun a wollt ech ké Wuert méi driwer schreiwen an soen,
wann elo awer d'Kommentaren geläscht gin gelle , GerrarseMarc dann,
huelen ech mer elo d'Fréihét fir net als Belles hei ze stoent, verschiddener
erem hinzeschreiwen, ... dorno .... sin ech erem roueg !!
wär dat iwer PN gangen Marc , hät ech ké Problem gehat !!!
suraki:
Gerard, du mengs also du häs der bei der éichter oder zwéter mei Gedanken gemat , ewei ech bei menger ?
MarcGerard:
nee, mee ech schreiwen der, virwat ech se refuséiert hun.
suraki:
né mes de nët, du schreiws
@Virun der Foto goufen sech net vill Gedanken driwer gemaach wéi een waat
@hätt kënne besser maachen.
** dat as nët virwat, dat as egal wat ! **
bei dëngem Panorama, hät ech geschriwen, wann ech en refuséiert hät, wat ech awer net gif machen.
--> se as u sech net immens gud, huet ké Kontrast an en immensen Grëngstach se rauscht der Déiwel ewech .... solle mer se esou weisen?
oder wells de se nët iwerdenken oder e bessen dru schaffen. Wann ech deng aner Biller kucken, wär et schued deng d'Moienne ze drëckenbigsmile
esou an dér art a weis, hät ech et gemach.
mmm... jo genau ech hun et elo ongewolt geschriwen
.... d'Art a Weis
MarcGerard:
ech denken ähnlech. du lueds jo emmer SW-fotoen erop déi deen suraki-filtrage hun. (nenne mer en mol esou).
wann ech kucken, dass de KANNS, gesin ech dass de verschidde motiver net MISST esou verschaffen. oder soe mer mol esou. onverschaft, oder "normal" verschafft giff ech se secher net acceptéieren.
ech fannen et elo net sënnvoll iwwert all beispill ze schreiwen wou een elo hätt kënnen 't foto einfach um harddisk leie loossen, an net op PG lueden. sief et bei dénge fotoen oder bei méngen.
mee mäin ziel, woar am grousse ganzen dass de dech mol freess ob een op egalwéieng foto kann e filter setzen deen iergendwéi aus all foto eppes cooles mecht an dann se online setzten. du mess dat jo scho lang an evoluéiers dech jo och, dovir fannen ech muss de dat net méi man.
ech sin elo engkéier -sou wéis du et jo coh bei mäer grad gemach hues- duerch déng galerie geflunn an ech mengen méng kritik bestätegt sech. du hues immens vill schnappschëss einfach emol gefiltert an online gesat. "wéi du mir" "verréckt..." "käschten" "an der fënster" sin z.b. esou fotoen.
et geet och net dorems, ob ech och esou fotoen eroplueden oder net. ka sin dass ech et man. améngen eegenen aa'en awer net an deem mooss, mee ech loosse mech gäer beléieren.
mee vir de moment: ech bleiwe bei ménger meenung a wäert weider fotoe refuséieren, vun deenen ech denken dass de kënschtlee et einfach besser kann.
ech well a ménger charge et net veräntweren dass leit op photogen net gefördert gin sech weider ze entwécklen. an experimentéiere gehéiert eben dozou wann ee well nei sache léieren. et get net duer ze soen "sou, ech hun elo ee filtrage fonnt dee jidderee gäil fënnt, ech man deen elo einfach op all foto drop"....
wéi gesot, ech erwaarde vun der dass de mer déng meenung rläuters. ech sin nach jonk -souwuel an der fotografie wéi och am liewen- an et ka jo net sin dass ech elo eppes behaapten an 100% domat recht hun, dovir so mer roueg virwat ech an zukunft rem soll déng fotoen aktivéieren.
et gëtt och aner méiglechkeeten de problem ze léisen falls ech dat do zevill dacks widderhuelen (net nemme bei däer, mee och bei ganz villen anere user...).
an deem fall muss een sech beim chef oder beim team iwwert mech beschwéieren.
an de Klex:
"sou, ech hun elo ee filtrage fonnt dee jidderee gäil fënnt, ech man deen elo einfach op all foto drop''
wow op de Punkt bruecht, deem brauch ech naischtmei beizefügen...
an dat heiten .... dat virdrun ... nu je et get ze vill
Klex:
@ Gaga: ech hu jo naischt ze soen hei, andeem Senn vum Aktivéiren. An am Comite sin ech och net. An ech gesin dat och netmei als Affaire de Gôut. Mee op Photogen geet et jo awer drem ze evoluéieren, also neies ze probéieren, nee?
A wann een vun deenen wu d'Fotoen aktivéiert fennt dat en User emmer dat nemlech roplued an sech keng mei mecht a mei oder wéineger banal Fotoen d'nemmlecht filtert fir der genuch ze hun fir der 2 den Dag eropzelueden dan fannen ech kan en mol di eng oder aaner Foto refuséieren mat der Begrennung en huet sech keng gedanke oder keng meih gemat bei der Foto. Gottseidank kann een just 2 Fotoen pro Dag roplueden, well dat grenzt elo schon u ''flooding''.
An ech fannen et einfach och vum Suraki senger Sait net an der Reih dann eng opzeféieren wann e mol 1 Foto refuséiert krut, hien ass net den éichten deem dat geschitt mee dat geet och aaneren esou.
Op mer seng Fotoen gefaalen hin oder hier, dat se refuséiert goufen huet naischt mat affaire de gout ze din, de marc huet mer jo erklärt firwat en se refuséiert huet an ech gin him rescht.
ech ka mech awer drun erenneren dass mer schon esou aussoe bei leit wéi beim shanti sénge galerien, beim spako sénge fisheyes, oder bei ménge lilou-fotoen haten. ech hu bis elo fonnt dass déi ausso kengem geschued huet, an dass mer eis alleguer getraut hun weider ze beweegen. a soe mer mol sou: wann mech 't ausso gestéiert hätt, dann hatt ech se fläit ignoréiert. an deem hei fall as dat elo eppes anecht, well de suraki eben eng foto net konnt weisen, an ech a ménger charge als "aktivéierer" him dat esou eriwwerbruet hun.
(natiirlech ouni domat ze rechnen dass dat elo esou eng scharfkanteg diskussioun gett. mee virwat amfong net? ech well...)
ech kann och elo net richteg stellung huele bei deenen aussoe mat der perséinlecher meenung, an der ausnotzung vun admin-rechter. ech weess net, ob ech et fäerdech bréngen all foto als eenzelt objektiv ze bewäerten.
beispill: wann een neie user sech umelld an eng foto vu sénger katz eroplued get se prinzipiell aktivéiert -ausser se as tatsächlech lamentabel beliicht a.s.w.- wann allerdéngs de maimonides dat mecht refuséieren ech se ganz bestemmt, well ech genee weess dass him séng fotoen emmer iergendee verstoppte grafesche message hun, an dass déi langweilech katzefoto net séngem niveau entsprecht.
et as ganz kloer: ech hun aus perséinleche grënn gehandelt, an ech hätt et gäer méi fréi gemach, mee ech hu mech elo réicht iwwerwonnen.
*******************************************************
genau dén dote ( ech hun e fëtt gemach )Satz Marc sét alles !!
************************************************
sou elo as et erem kloer Marc !!
dat huet elo misse sin, an lo kanns de awer nachemol de Chef erauslossen,
erem perséinlech gin, an dat Bild hei als Admin läschen ..... jo, .....och ech sin elo sauer.
sorry nach un dei aner Drëi, déi ech aus Respekt hei nët weider zitéieren !
an elo ereicht brauch mengentwégent neicht mei hei gesot ze gin.
''se gin och nach weiderhin acceptéiert''
hey dat seet alles, du hues absolut naischt verstaan vun deem wat ech soot nujee och gudd...
mee huet jo schlussendlech nach zu engem gudden Enn gefouert!
1) Iet lo een hei unfenkt och nach mat remmekeren iwer mein Kommentar soll en mol alles liesen.
Zur deser Foto suraki muss ech soen dei as an dengem egenen Styl mei wei ok sie mecht en Senn weis du et och beschreiws, du hues awer och schons mei wei 1 mol einfach banal Fotoen mat dengem egenen Styl iwerzun an se dann ropgelueden ouni dat hannert der Foto iegent een Senn war oder eppes spezielles was de ennert der Foto als Kommentar hannerlos hues, duerfir louch et op der Hand das de eng keier eng Foto refuseiert kriss.
Probeier an Zukunft dein egnen Styl roueg weider ze feieren awer mat Fotoen dei en senn hun an net mat Schnappschess an seet jo och keen hei das de all Daag muss eng Foto roplueden.
Weniger ist manchmal mehr.
Meng Meenung as et huet jiddereen bessen sein egnen Styl hei, an lossen mer dat och bei jiderengem sou an Probeieren mat geigenseitlecher Kritik am Positiven wei am negativen Senn (dozou zielen ech och freischalten vun Fotoen) een den aner ze verbesseren dozou zielt awer och Kritik ze verdroen was du an desem Fall net mechs an dech nemmen nach an Diskussionen an leis anplatz driwer no ze denken wat vieleicht net gut un denger Foto war das de se refuseiert kruss.
Dat heiten as lo just eng Kritik an en Tipp vun mir wei ech et gesin an soll net iergent een Diskussionsgefecht hei ausleisen.
Luucht am Kräiz , Kräiz an der Luucht, Kräiz durech d'Luucht...méng Gedanken gin op d'Rees.
Dat Bild huet eppes (kléngt ofgedroschen, ass mer awer éierlech gemengt).