Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

'Phil' Spiggelung

 
'Phil' Spiggelung
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.10.2009
  • Gekuckt:
    77148
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    25/1 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    12 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x580
  • Späicherplaz:
    203 KB
  • Originaldatum:
    2009:10:19 20:55:34
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 40D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Tokina 12-24
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Philharmonie
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=40132]
Kommentar vum Fotograf:
e Klassiker :-)

Ech wor frouh, dass d'Waasser eng Kéier roueg war !

Ergänzend zu menger Serie :

"Phil" Linnen



'Phil' Faarwen
galileo 19.10.2009 - 21:22
Secher e Klassiker - awer eng gudd Versioun dovun !!

Gudd datt do nach 3 Luuchten am Turm un waren.
kola 20.10.2009 - 22:29
Merci smile
elmuzo 19.10.2009 - 21:25
Hues de déi 'phil' missten entzerren? Wouhinner féierst de eis dann mat denger Série? Sou 'phil' an sou wäit wéi méiglech closed_eye
kola 20.10.2009 - 22:30
'Phil' hunn ech do guer nët drun geschafft, just riicht gedréint, awer nix entzerrt !
Merci Muz smile
Silex 19.10.2009 - 21:35
"Phil" gudd!

Ass effektiv net sou dacks roueg dat Waasser do.
kola 20.10.2009 - 22:31
Merci smile
MarcGerard 19.10.2009 - 21:35
nemmen "marc"-en däerfen aner "marc"-en hier fotoe klauen smile

Phila LasVegas


!Dës Foto ass net méi am System!

se rutscht lues a lues op 't säit.
deen nächsten muss se um lénkse bord vum pull knipsen smile
Maimonides 19.10.2009 - 22:00
"Geklaut" gët hei just dëm Architekt, an deen heescht nët Marc, mais: Christian... de Portzamparc. Ouni deen wär op dësem Site iwerhaapt keng Foto vun dër Phila. Ët ass natirlich légitime, de bonne guerre a super interessant, och fir dën Architekt, wann 1000 Fotoën vu sengem Wierk gewisen gin. Ërnimme kéint een deen awer och mol.
galileo 19.10.2009 - 22:41
Nujee - dem Architekt geklaut wier et jo wann een esou ee Gebei géif opriichten - an nët wann een et fotograféiert smile

Mee se ass schon super, eis Phila ! Bravo fir den Architekt !
Maimonides 19.10.2009 - 22:54
Weeste, galileo, ët gefällt dëm Archtikt och wann se esou oft fotograféiert gët, an oft ganz aanischt: dat ass jo och e konkret Zeechen dass mol 1 Kéier nët laanst d'Leit gebaut gin ass. An d'Akustik ass och super.
Dat hei war, iwerspëtzt formuléiert, als MEMENTO un dën Auteur vum Gebäi geduecht.
Merci, dass de réagéiert hues.
Kwitchibo 20.10.2009 - 00:15
Mir hun se jo awer och all mat bezuelt daat flott Gebei!

an by the way ech hun baal emmer do stoen ween den Architekt war!!! ... en denken ech ma das Aarbechter genau esou vill missten ernimmt gin...

mbg
kola 20.10.2009 - 22:32
Dir hudd all Recht closed_eye
Maimonides 21.10.2009 - 21:15
Selbstverständlich hun d'Arbichter och hire Mérite un dësem Gebäi, awer een aanere Mérite wéi zu der Zeit vun de Kathdralen wou d'Arbichter eng essentiell esthetisch Kontributioun geliwert hun: fer forgé, Skulptur, Rosaçen, etc.
Gaga 22.10.2009 - 23:56
an iwert eng gut arbescht fum architect leisst sech streiden, schein as et, mais entretien ? naja, wann een kuckt weifill blummen schon op den kuppelen wuessen an wei den rascht lanscht dei milliounen deier pillieren eroofleeft ! de problem fun sou architecten as dat se sech mei zum künstler wei zum ingenieur hingezun fillen !
an haltbarkeet an economie sin och wichteg fier eng gut architektur !
daat as hei leider erem ze kuerz komm !
Jean-Jos 19.10.2009 - 21:58
Déi ass awer scho méi al, oder hues de d'Blieder vun de Beem phil ugestrach closed_eye
D'Foto gefällt mer exzellent; d'violett Beliichtung vun der Phila an déi gréng Blieder si flott komplementär, d'Spiggelung ass de Glanz!
kola 20.10.2009 - 22:33
Neen déi ass vum September, ass en Fehler im System, den Johny schafft schon drun closed_eye
Merci Jean-Jos smile
Gaga 20.10.2009 - 09:41
Super eng fun den beschten fun deser plaatz !
ech wor jo souepes fun erfeiert wei ech gesin hun wei kleng deen PULL do as !
Top foto op jiddefall !
FAV !
kola 20.10.2009 - 22:33
Merci, freed mech wann se gefällt smile
Jeanny 21.10.2009 - 06:50
geseiet super aus, herrlech mat der Spigelung
kola 22.10.2009 - 21:43
Merci Jeanny smile
Mochel 22.10.2009 - 13:31
och wann een s eoft hei gesait emmer rem flott zegesin.
kola 22.10.2009 - 21:44
Merci gesoot smile
EllieVanPeaches 12.12.2011 - 08:51
Eng perfekt Foto!! Respekt smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 390 Gäscht online