Ech hu ganz sécher eent slash fënnef komma sechs agin, wat kann ech dofir, wann dann eent slash fënnef komma dohinner stoe kënnt.
An iwwregens: vun deene Fotoen an der stad hun d'exif verhaalen, dat war esou eppes vu spannend, datt ech nach haut méch sou drun erënnere, wi wann ech selwer do gewiescht wier.... *loooooooooool*
Déi kennen ech - d'Foto wuelbemierkt - (ech hun deng Fra jo just eemol "zwischen Tür und Angel" gesin) an déi as och ganz gudd. Fir sou Portrait'ën sin di "aal" Kamerae mat Filmer awer nach ëmmer eng Valeur sûre.
Déi waren dach awer mol gudd Frënn, di Russen an di Fransouzen.... zur Zäit vum Voltaire an der Groußer Ketti, nedu...!
An den Tsar Cosy an de Vladimir gin dach och gudd eenz mateneen.
Hues du dat nach net kannt???? Dat as net vu mir, dat as scho bal eng Expression consacrée. De Claude Frisoni nennt en am Jeudi a sénger Rubrik ëmmer esou. A gëff emol bei google search dee Begrëff an. Du wärs déch wonneren....!!