Salut!
Bon, also ech fannen se lo o net sou immens, mee well der awer mol opmannst schreiwen firwaat. Firwaats de se lo sou kromm geholl hues liicht mer net an, fläit fir bewegung ze kreien...?...op allefall as de greisste problem hei ganz einfach, datts et der un schärft fehlt...wanns de mol richteg kukkes sen fläit 5% vun der foto richteg schaarf, daat as hei vill ze mann...de steen schrf ze huelen an den hannergrong onschaarf as eng gudd iddie, mee da misst de steen och ganz schaarf sen. Am fong as jo d'Landschaft genial...du häss kennte mei draus man...
okay, merci schon mol fier d' grenn... am fong hun ech d' schärft doweinst op den Steen geholl, well ech domat wollt soen, dass een sech net onbedengt an den Weiten vun där génialer Landschaft verléieren soll, mee dass och noo objeten eppes schéines hun (an desem moment den Steen, deen vun enger ennergoender Sonn beliicht gett) . dofir och daat krommt: et irriteiert an hennert den Betrachter drun, sech ze verléiren. d' schärft läit um Moos als zeechen fier den Alter vum Steen an senger Resistenz geint d' Elementer... Bon, lo kann een natierlech eng ganz aaner Interpretatioun erbäiféieren, mee dei hei ass dei vun mier beabsichtegt