jop ass eng sauerei mee et mecht spass
ech wollt usech nach en klengen moment eichter kreien, mee deen moment ass sou kuerz.. ass net sou einfach, an wolt net nach weider maan well et louch schon genuch wasser um buedem
Ech hu soueng Foto schon eng Kéier op engem aaneren Site gesinn a mech gefroot op daat wierklech klappen géing, mee wéi et schéngt geet daat jo wierklech
Ass der wierklech gudd gelongen, genau dee richtegen Moment getraff!
Edit: Wéivill Loftbäll hun dann missen drun gleewen bis de eng anstänneg Foto haas?
8 steck mengen ech, mee et sin nach 3 fotoen dei ähnlech gin sin wei des, den recht sin der wou ech ze frei war. Usech ass eng na bessi besser wei des gin, do spretzt nach net grad sou fill Wasser fort, mee haat lo des geholl well een d'Nol besser gesait.
Fannen d'Foto och ganz gelongen, firun allem well d'Waser nach sou schein d'Form vum Ballon huet.
Elo wees ech och wisous de der dei mei grous Heizung zougeluecht hues
Hei zéien ech wierklech den Hutt!
Bravo!!!
Hun schon oft iwert sou eng Foto gelies an och Beispiller dovun gesin, an ech kann soen dass dier hei alles ganz gutt gelongen ass!
Groussen Respekt yoshi!!!
WoW! Astonishing thing!! Ass wirklech gelongen.
Mengen wanns de daat ganzt eng keier mat Damp (Zigaretten oder Zigarrendamp (fläit muss de der en Femmert léinen )) gings probeiren? Giff bestemmt esou en ähnlechen Effekt gin...ouni naass Féiss! (mee mat Gestank )
mikE
ech mengen hien mengt dass wann's de am Plaatz vu Waassser géif's Damp vun Zigarett oder Zigarre an den Ballon géif's blosen, an en dann platzen din, dann géif's de och eng flott Fotoo kënnen hikréien.... richtisch mikE???
ah effektiv... eventuell
wollt och nach probeieren wasser dran ze maan, e bessen freieren loossen an den recht rausscheden an dann en pirat dran ze geheien allerdengs fir deen moment dann ze treffen ass na mei schweier.. an ais waat duerch den raum geschleidert gett ass o lait nat ganz gesond
Ritisch!
Haat dee Saatz "wann's de am Plaatz vu Waassser géif's Damp vun Zigarett oder Zigarre an den Ballon géif's blosen" geduecht an net geschriww, hehehe
hehe jo duerch d'reiwung dei entsteet wann den loftballon ganz gefellt ass, zerplatzt den ballon sou lues dass een esou eng foto mat 6 sekonnen kann maan. an bei der reiwung gin elektronen vum loftballon an d'wasser an daat haellt sech dann su magneitech an der loft.
un alleguer d'physiker, weg stengegt mech lo net
richteg erklärung: ech hun dei foto an engem daichteren raum gemaach an 6 sekonnen beliicht an dann am richtegen moment en bletz manuell ausgeleist. vue que dass den raum daichter ass kennt naicht sichtbares op d'foto wann een net dotescht bletzt an sou kennt dann just deen moment wou ech bletzen op d'foto.
d'syncronisatiounszait vum bletz mam fotoapparat geet net duer fir soueng foto ze maan, et muss een mei kuerz bletzen.
studiobletzer sin zb och ze lues, do ass daat verwackelt, trotz bletz.
T'ass an dene Kommentarer virdru jo erklärt. Dee selwechte Prinzip gebräucht een fir Blëtzer ze fotograféiren, well vu dass een net méi séier ka sinn wéi d'Luucht kann een do jo och net reischt drécken wann een de Blëtz gesäit Et beliicht een einfach, an dee moment wou et blëtzt gëtt beliicht, am yoshi sengem Fall hei war et eben keen Donnerwieder-blëtz mee en eegenen.
majo hei drenner steet et, bei denen aneren kommentarer, dass de net sichen muss, hei na eng keier erklärung:
ech hun dei foto an engem daichteren raum gemaach an 6 sekonnen beliicht an dann am richtegen moment en bletz manuell ausgeleist. vue que dass den raum daichter ass kennt naicht sichtbares op d'foto wann een net dotescht bletzt an sou kennt dann just deen moment wou ech bletzen op d'foto.
d'syncronisatiounszait vum bletz mam fotoapparat geet net duer fir soueng foto ze maan, et muss een mei kuerz bletzen.
studiobletzer sin zb och ze lues, do ass daat verwackelt, trotz bletz.