Stëmmt! Genial, se ass schaarf an alles, DAAT ass eng Wow-Foto Pouster-meisseg. Obwuel ech wees dass Topfotoen souwisou geschwenn fort sinn, muss ech des einfach firschloën ...
Ech war schonn do net 100% dofun iwwerzeegt, ech haat iergendwéi am Gefill dass do méi dra war Fir mech ass et déi bescht Foto déi ech bis elo vun dir gesinn hun. Respekt
Déi hei ass vill méi besser gutt ... daat ass jo méi wéi kloer
Mat allem Respekt ... erlaabt mir ze schreiwen, dass ech dann awer och nët verstin wisou déi aaner Top gewielt gin ass ... an, sorry erëm, aanerer ët nie gin sin (ech weeeeeees ... ech gin mech nët ... grrrrrrrrrr ... ... )
... gutt dass deen System dann geschwënn ab ass ...
an een aaneren Viirdeel dovun ... ass dass d'Jade dann och keng esou Remarquen méi schreiwt ...
Vum Ausschnett an der Schärft hier gefaellt mer dei hei besser, mee vum Faarwtoun fannen ech dei aaner besser, hei wierkt d'Landschaft am Hannergrond fier mech zevill bloo.. mee d'Faarw vum Waasser ass hei objiddenfalls besser
merci, mam hannergrond keinst de recht hun, ech wollt awer lo net zevill drun enneren goen well ech angscht haat et geif dann rem su künstlech ausgesin, mee daat do ass mei oder weineger daat wei et och wierklech do war. mee keint effektiv na bessi enneren un der faarw.
jo se sin hei mei natierlech, mee stemmt, ech keint bessi mei an daat rosat goen, mee lo sin se ongefeier sou wei se deemols waren an wierklechkeet haat bei der lechter bessi vill drun gefreckelt merci neckel
dei as wirklech besser
mais waat as daat fir een komeschen hannergrond? bierger? schnei? hannergrond mauer? geseid komesch aus,well et wier een komeschen horizont....
merci, ma daat ass eng insel am hannergrond, fielsen. ass sou schief well wahrscheinlech net wait no riets gekuckt d'insel em den eck geet an do flait dann rem strand ass. iergentwou mussen dfielsen jo ophaalen
hehe jo, mee wanns de laang un enger geschaft hues an dann se net gudd fenns fenks de net gären rem direkt vun vir un an gecht huet et mech eimfa gepaakt
Also daat matt dengem Kommentar zu der 1. Foto dass se op all MAC "gestachen schaarf" sollt sin stemmt hannen an fiir net, well ech extra een matt engem MAC gesicht hun an do huet se genau sou schaiss ausgesinn wei op mengem bellegen LG TFT
Firwaat as se dann elo iwwerhaapt mei schaarf ? D'Foto war dach schon anscheinend gestachen schaarf ?
Sorry, sou belleg Kommentarer fir sech erauszeschwetzen reegen mech einfach op
DANIEL R.
Ech wees net wisou se lo soll mei scharf sin, keint flaicht dorun leien, dass den ausschnett mei grouss gewielt ass, ech hun se allerdengs na net op engem PC gekuckt, wees net op se do genau sou scharf ass des keier wei hei um MAC.
An mat der anerer Foto, dei war op denen meechten MACen gudd scharf, waat een jo an den kommentarer vun den aneren MAC user gesin huet.
Weieen schaiss soll ech dann geschwaat hun bei der aanerer Foto? Du schengs allerdengs opgereegt ze sin... ech verstin net wisou..
Do hues de zwar onrecht Yannick :/ Suwuel de Maggele wei och ech sooten dass se och um Mac net schaarf wir, wann ech mech richteg erenneren. Mee ass elo sws irrelevant
stemmt, hun lo nogekuckt.
allerdengs muss ech och soen dass aanerer gesoot hun se wier scharf um MAC, zb den elmuzo: "Ass schuarf wi Messer um MAC "
mee bon... ass jo och egal.. et geet lo em des foto
Majo daat war jo derwärt Yoshi! Wesentlech besseren Cadrage an Farftoun awer firunalem en vill méi interesant Schärft.
Wéi oft hues du se fotograféiert kritt? Géif gären och dé manner gutt gesinn.
merci
majo ech hun sou richteg schein dass se ganz aus dem waasser waren zu 2 nemmen 1 keier, mee se waren och nemmen 3 mol esou gesprong, eenzel hun ech der flait na e puer, oder och na vun aaneren delfinarten. et waren een daag immens vill fleckendelfine do, mol kucken op ech do na eng schein fannen, wert dei dann ona eng keier roplueden, nächst woch oder sou.
Du hues zwar demols bei der Urversioun geschriwwen op all MAC géif se gestachen schaarf wiirken, ech fannen, obschon ech é MAC hun, dass déi hei vill méi schaarf wierkt an souwisou an der Farwbalance massiv besser ass... E wuelverdingten Topfoto-vote!
bonjuer, majo als eicht mol villmols merci
daat war zu la gomera (bei teneriffa) an do waren mer 6 mol 2 stonnen op d'mier eraus mam boot, se sin am ganzen 3 mol sou rausgesprong, an eng keier hun ech se erwescht.
also et waren der mei oft do mee esou schein erausgesprong eben nemmen 3 mol.
Hun des Foto schon sou oft gekuckt.
Froen mech emerrem op et kint sin dass des Foto an Kroatien opgehol gin as, an zwar op der Fähr vun Jablanca op d'insel Rab?